Retour

Opruff fir Participanten – Confidence in tomorrow / Confiance en l’avenir

Confidence in tomorrow / Confiance en l’avenir ass eng Jugend-Veranstaltung, déi am Kader vum 75ten Joresdag vum Conseil d’Europe, ënnert der Presidence vu Liechtenstein, organiséiert gëtt. Zil ass et d’ Engagement vun Jugendlechen bei der Gestaltung vun engem demokrateschen Europa ze stäerken andeems Iddien, op Basis vun de Valeuren an Prinzippien vum Conseil, entwéckelt ginn. Et wäerten em déi 100 Participanten zesummekommen, déi un Plenièren, Aarbechtsgruppen an un engem Dialoge mat den Ausseministeren deelhuelen. D’ Kär-Messagen ginn vun de jonken Participanten den 16. Mee an der Stroossbuerger Oper presentéiert.

Wéini?

  1. Mee 2024 – 17. Mee 2024

Wéi mellen ech mech un?

Et muss een sech iwwert en Online-Formular umellen, an dat bis spéitstens den 28. Februar 2024. Link zum Online-Formular: http://youthapplications.coe.int.

Profil vu Participanten

Des Veranstaltung soll follgend Participanten zesummebréngen:

  1. Representanten vum nationalen Jugendrot oder enger nationaler Organisatioun mat änlechen Zilsetzungen
  2. Memberen vum Conseil consultatif sur la Jeunesse (CCJ) an vum Comité Directeur européen pour la Jeunesse (CDEJ)
  3. Representanten vun enger internationaler Jugendorganisatioun (z.B. EYCA oder ERYICA)
  4. Jonk Aktivisten fir Mënscherechter an Demokratie, déi an spezifesch Projeten vum Fonds Européen pour la Jeunesse oder an der Campagne Revitalising Democracy matwierken
  5. Youth delegates fir de Kongress vu Gemengen an Regiounen

Zousätzlech Krittären sinn:

  • Conclusiounen vun dësem Evenement reproduzéieren an se weider verfollegen kënnen
  • E Wunnsetz hunn an engem Memberstaat vun der Convention culturelle européenne
  • Tëscht 18-30 Joer hunn (ausser wann ee Member beim CDEJ ass)
  • Autonom op Englesch an Franséisch schaffen kënnen
  • Wärend der ganzer Veranstaltung disponibel sinn

Informatiounen zum Finanzement

  • Käschten fir Logement an Molzechten ginn vum Conseil d’Europe iwwerholl
  • Reeskäschten ginn nom Evenement per Virement rembourséiert (Konditioun: et muss een wärend dem ganzen Evenement présent sinn)

Weider Informatiounen:

Retour